Hold on!
We are gathering the jobs you're looking for.
Capellen, Luxembourg Capellen

D’Fondation Autisme Luxembourg sicht

Diploméiert Erzéier m/f/x (CCT SAS)

Vollzäit/Deelzäit

fir säi Service d’Activités de jour a säi Service Hébergement zu Munzen, Rammerech, Suessem an Ëmgéigend.

 

Mir erwaarde vun Iech :

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier
  • Eng grouss Motivatioun fir Persoune mat enger Behënnerung z’ënnerstëtzen an ze begleeden
  • Ee grousst Engagement fir sech fir d’Rechter vu Persounen mat Autismus anzesetzen
  • Flexibilitéit an den Aarbechtszäiten
  • D’Fähegkeet fir autonom ze schaffen a Responsabilitéit z’iwwerhuelen
  • Ee gudden Ekippegeescht
  • Lëtzebuergesch-, Franséisch- an Däitsch-Kenntnisser
  • Führerschäin vun der Kategorie B an een eegenen Auto

 

Kandidaturen déi dësem Profil net entspriechen kënnen net traitéiert gin.

 

Mir bidden Iech :

  • Eng valorisant, autonom a verantwortungsvoll Aarbecht an engem sech ëmmer weider-entwéckelndem Kontext
  • Eng ausféierlech Formatioun an der Betreiung vu Persounen mat Autismus
  • Eng agreabel Aarbechtsambiance an enger jonker, dynamescher Equipe

 

Mir akzeptéiren och Stagiairen an Bénévolen.

D’Bulletins N°3, 4 a 5 vum Casier judiciaire sinn der Kandidatur bäizefügen.

 

Mir bieden Iech direkt op eisem Internetsite : www.fal.lu , an der Rubrik “Employeur”, ze postuléieren (CV, Motivatiounsbréif, Bulletins vum Casier judiciaire, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) .

 

FONDATION AUTISME LUXEMBOURG, s.soc. Munshausen, R.C.S. Luxembourg G 167